- Conférence
Health Talk: Yoga mam Sarah Cattani
Dësen Health-Talk iwwert Yoga gëtt vum Sarah Cattani geleet, enger bekannte Yogaprofessesch aus Lëtzebuerg.
No méi wéi zéng Joer Aarbecht am Beräich Kultur, Medien an Nohaltegkeet huet hat sech nom Openthalt an Indie ganz dem Yoga an dem Wuelbefanne gewidmet.
Haut enseignéiert si zesumme mat hirem Mann John Taye Yoga zu Lëtzebuerg a setzt sech fir e méi bewosst a gesond Liewen an.
D’Sarah Cattani huet schonn e puer Mol mat der CMCM zesummegeschafft, ënner anerem am Kader vum Projet „Gesond bleiwen“ an dem Podcast „Be Well – de gesonde Podcast“, wou hat mat Experten iwwer kierperlecht a mentaalt Wuelbefanne schwätzt.
An dësem Virtrag geet et ëm d’Virdeeler vum Yoga fir Kierper a Geescht, ëm Ootmung, Entspanung an ëm Méiglechkeeten, méi Gläichgewiicht an den Alldag ze bréngen.
D’Konferenz riicht sech un all Interesséiert, egal ob Ufänger oder Persoune mat Yoga-Erfarung.